ORT-MuselPaul Lorenz gëtt neie Vize-President

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Verwaltungsrot an enger Sëtzung rezent decidéiert. De Paul Lorenz ass Vertrieder vum touristeschen a kulturelle Secteur am ORT.

Domadder ersetzt hien d’Désirée Albert, déi aus perséinlechen a beruffleche Grënn zeréckgetruede war. De Paul Lorenz wäert an Zukunft mam zweete Vize-President Erny Schumacher an dem President Gilles Estgen zesummeschaffen.

PDF: De Communiqué vum ORT

Back to Top
CIM LOGO