De Pierre Dillenbuerg mécht sech fir säin 80 Gebuertsdag selwer e Kaddo mam Buch “Rencontres”. De fréieren Greffier aus der Chamber deen do 35 Joer laang an de Kulissen vum héijen Haus geschafft huet, ass awer virun allem duerch seng aner Talenter bekannt. Säin Interessi fir d’Monarchie, déi gutt Manéieren, säin sozialen Engagement awer och de savoir-vivre hunn hien am ganze Land bekannt gemaach. 46 Joer ass den Dill mam Roland Huebsch zesummen an zanter 2015 sinn se matenaner bestuet. Zesummen reesen se gären a si frou mat hiren zwou Kazen.



All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.