Familljenausfluch mam Grand-DucPrënz Charles fiddert d'Rout Pandaen am Beetebuerger Park

RTL Lëtzebuerg
Et war eng verreente Visitt, mee awer schénge sech déi groussherzoglech Koppel an hir Enkelkanner am Beetebuerger Park wonnerbar amuséiert ze hunn.
© Claude Piscitelli / Cour Grand Ducale

Virun allem den zwee Joer ale Prënz Charles war vun der Visitt ganz begeeschtert, huet ënnert anerem d’Pinguinen an d’Fësch am Aquarium mat ganz groussen Ae gekuckt. Nieft dem Fils vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel waren och dem Prënz Félix an der Prinzessin Claire hir Kanner, d’Prinzessin Amalia an de Prënz Liam, mat op den Ausfluch. Just dem Prënz Louis seng zwee Kanner, de Gabriel an den Noah, waren net derbäi.

Ee vun de flotte Momenter war deen, wou de Prënz Charles seng Frënn, déi rout Pandaen Nila a Rani, erëmgesinn huet a si ganz houfreg senger Cousine a sengem Cousin gewisen huet”, schreift den Haff an de soziale Medien zu de Fotoe vum Ausfluch. De klenge Prënz hat dann och keng Angscht, de klenge Mamendéieren Drauwen direkt aus der Hand ze fidderen.

Back to Top
CIM LOGO