
Nodeems mam Michael B. Jordan de “Sexiest Man Alive 2020” scho feststeet, huet de “People"-Magazin och d’Royals ënnert d’Lupp geholl. An deen Titel geet un de Prënz Harry, de wuel bekanntste brittesche Royal an den USA. “Souguer seng kinneklech Flichten opzeginn an a Kalifornien ze plënneren, ginn net duer, fir dass de Prënz Harry laanscht e sexy kinneklechen Titel kënnt”, wéi “People” schreift. D’lescht Joer war hie schonn “Sexiest Dad Alive”.
Ma et ass awer nach en anere Royal, dee besonnesch an d’A trëfft: De Prënz Felix, de Brudder vum Ierfgroussherzog Guillaume. Hien ass zanter 2013 mat der Prinzessin Claire bestuet an huet 2 Kanner. Hie kënnt op Plaz 3 virum Prënz Carl Phillip vu Schweden.
Op de Plazen 3 a 4 sinn de Prënz Mateen vu Brunei an de Prënz William gelant.