
E puer Deeg, nodeems de Prënz Harry a seng Fra e milliouneschwéieren Deal mat Netflix ënnerschriwwen hunn, huet de Spriecher vun der Koppel matgedeelt, dass d’Sue vun der Moderniséierung vum Frogmore Cottage, hirem Wunnsëtz a Groussbritannien, iwwerwise goufen. E weidere Schratt a Richtung finanziell Onofhängegkeet. Finanziell Detailer goufen net genannt, Berichter no kéint dës Kooperatioun hinne bis zu 127 Milliounen abréngen.
Fir ronn 2,7 Milliounen Euro hätt ee Renovatiounen am Gebai virgeholl. E Montant, dee mam sougenannte “Sovereign Grant” bezuelt gouf an zum Deel aus Steiergelder finanzéiert gëtt. De Wunnsëtz op Schlass Windsor soll och an Zukunft an hirem Besëtz bleiwen.
Enn Mäerz hate sech de Prënz Harry an déi fréier Schauspillerin vun de royale Verflichtungen zeréckgezunn. Mëttlerweil liewe si mat hirem Jong Archie de gréissten Deel vun der Zäit a Kalifornien, dem Meghan senger Heemecht.