
Dat ausgewielte Bild heifir baséiert op enger Foto vum William, déi geholl gouf, wou hien am Juni 2018 an der Residence vum britteschen Ambassadeur a Jordanien zu Besuch war. Lénks nieft sengem Gesiicht ass passend zu sengem Gebuertsdag d’Zuel 40 ofgebillt, riets den “W”, dee fir “William” steet. Nieft der 5-Pond-Mënz soll et och nach eng limitéiert Goldmënz ginn, déi dozou gehéiert.

Bis ewell war den Herzog vu Cambridge nëmmen eemol op enger offizieller brittescher Mënz ofgebillt, nämlech 2011, wou nieft him och d’Herzogin Kate ze gesi war. Dës gouf am Kader vun hirer Hochzäit verëffentlecht.