55 Minutten ze spéitProvisoresche Permis war wärend enger Kontroll e puer Minutten ofgelaf

RTL Lëtzebuerg
E Mann aus dem Kosovo, deen aktuell an Däitschland lieft, war 55 Minutten ze spéit an eng Policekontroll bei Dortmund geroden.
© AFP (Archiv)

Den 30 Joer alen Automobilist hat e provisoresche Permis kritt, wéi hien an Däitschland koum. Dësen war fir 12 Méint gutt, fir Zäit ze hunn, de richtege Permis unzefroen, respektiv deen aus dem Kosovo op Däitschland ëmschreiwen ze loossen. Wéi de Mann dunn e Sonndeg de Moien um 0:55 Auer an eng Kontroll op der A40 bei Dortmund koum, war säi Permis ebe scho 55 Minutten ofgelaf. De Beamten, déi schonn e bësse Matleed mam Mann haten, ass awer näischt iwwreg bliwwen, wéi hie wéinst Fueren ouni Führerschäin ze bestrofen.

Back to Top
CIM LOGO