Sproochwëssenschaft an Däitschland"Pushback" gëtt "Unwort des Jahres 2021"

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Jury vun der sproochkritescher Aktioun e Mëttwoch zu Marburg bekannt ginn.
© Ben STANSALL / AFP

Mat dëser Aktioun gëtt jo reegelméisseg op en net-ubruechte Sproochgebrauch opmierksam gemaach.

“Pushback”, e Wuert dat aus dem Englesche kënnt, gëtt am Zesummenhang mat Flüchtlingen u Grenze benotzt.

Ënnert den 1.300 Virschléi, déi bei der Jury ukoumen, goufe 450 verschidde Begrëffer proposéiert, 45 Stéck hätten de Krittären entsprach. Vill vun de Virschléi waren a Relatioun mat der Covid-Pandemie.

Bei der leschte Kéier ass de Choix iwwregens op “Corona-Diktatur” a “Rückführungspatenschaften” gefall.

Back to Top
CIM LOGO