
Wéi déi brittesch Zeitung “The Sun” matdeelt, soll d’Queen e Parfum fir Hënn erausbréngen. Den “Happy Hounds Dog Cologne” soll deemno no “Spadséiergäng un der Küst” richen. Et wier en “räichhaltegen, moschusaartegen Doft mat Zitrusnoute vu Bergamotte”.
D’Doftwaasser, dat fir Muppen a Ritte gemaach ass, soll regional vun der Parfumsentreprise “Norfolk Natural Living” produzéiert an am Souvenirsbuttek vum royalen Sandringham-Grondstéck zu Norfolk verkaaft ginn. Am Buttek um Grondstéck vun der Queen kann een och schonn eng Kaddosbox fir Hënn kafen. Dodran ass och e Muppeshampoing mam “Küstespadséiergang"-Doft souwéi Leckerlien an eng Spillsaach.

D’Queen Elizabeth II ass fir hir Muppe-Léift bekannt an eng Rass huet et hir besonnesch ugedoen: d’Corgien. Schonn eng 30 Muppen hat si bis haut. Donieft ass si och e grousse Fan vun Dorgien, eng Mëschung aus engem Dackel an engem Corgi. An eréischt viru Kuerzem ass eng präisgekréinte Cocker-Spaniel-Damm bei hir agezunn.
Ma de Parfum fir Muppen ass net deen eenzege Produit, deen d’Queen antëscht verkeeft. Nieft Ketchup, enger bronger Zooss a Béier, huet de Buckingham Palais och säin eegenen Gin op de Maart bruecht. Bei alle Produite kënnt en Deel vun den Ingrediente vun de Grondstécker zu London oder zu Sandringham.