De Raphael Dumont ass de Sänger vun “The Disliked”, déi no bal 2 Joerzéngten nächst Woch eng nei EP erausbréngen. Zanter 2002 ass d’Band e reellen Exportschlager an Europa. Eng 100 Prozent Live-Grupp, déi mat hirem Rhythmus zum danzen invitéiert an op d’Stëmmung vum Public offierft. Mat Punk huet alles ugefaang, dono koum en Ofstiecher an de Ska, an erauskoum eng explosiv Mëschung, wou och en Afloss vu Reggae derzou gehéiert. Nächste Freideg 5. November ass an der Kufa d’Release vun der EP Underwater Recue mat als Single dem Lidd “Salmon”.

De Professer Jean-Claude Hamilius geheit a sengem aktuelle Buch e satiresche Bléck op d’Nummer 1 vun den däitschen Zeitungen. 1955 ass hien zu Lëtzebuerg gebuer. Hien kennt Cannes an d’Publicitéitsbranche, well hien laang Joren doran geschafft huet. Säin Buch “Short List”, eng Mordgeschicht, huet och an deem Milieu gespillt. Zanter 2007 ass hien Professer un der “Fakultéit fir Design” op der Uni Mannheim, an a sengem neie Buch “Im Wort der Bild” fënnt een gläichzäiteg d’Wierker vun Studenten, aus enger Expo zu Mannheim.

De Regisseur Adolf El Hassal kruut fir säin Film “Sawah” 5 Nominatiounen fir de Lëtzebuerger Filmpräis, an de Moment ass hien schwéier am Geschäft. De Mann deen 1981 an Ägypten gebuer ass, gëtt de Moment an der Belsch gefeiert mat senger Serie “Baraki” déi op der RTBF an der Primetime all Rekorder brécht. “Full Memory” ass säin neie Kuerzfilm, deen vun elo un am RTL Play ze fannen ass, nieft aneren Kuerzfilmer aus der Serie Quickies. Eng Initiativ, déi 2020 an der Covidkris zesumme mam Filmfong entstan ass, a wou dëse Sonndeg um 19 Auer direkt 2 Filmer op RTL gewisen ginn, „Vis-à-Vis“ vum Emile V. Schlesser an „Mutatiounen“ vum Govinda van Maele.
