BréisselRisege Blummenteppech dekoréiert Grote Markt

RTL Lëtzebuerg
77 Meter laang a 24 Meter breet ass de summerleche Blummenteppech an der belscher Haaptstad.
© JOHN THYS / AFP

No véier Joer Paus ass de Blummenteppech op der historescher Maartplaz nees zeréck. Honnert Fräiwëlleger hu Begonien, Chrysanthemen an aner Blummen néiergeluecht. Vun e Freideg bis e Méindeg gëtt d’Konschtwierk ausgestallt. Den Teppech vun der Editioun 2022 orientéiert sech um éischte Blummenteppech, deen 1971 ausgeluecht gouf.

De summerleche Blummenteppech um Grote Markt ass Traditioun zu Bréissel. Zanter 1986 gëtt dëst Faarfspektakel all zwee Joer organiséiert. D’Editioun 2020 huet misse wéinst der Corona-Pandemie ofgesot ginn.

Back to Top
CIM LOGO