
Et gëtt dermat gerechent, datt de Stee bis zu 30 Milliounen Dollar abrénge kéint. Den Diamant huet 228,31 Karat a gouf virun 20 Joer a Südafrika gebuergen a geschlaff. Dem Auktiounshaus Christie’s no ass et dee gréisste wäissen Diamant, de jee versteet ginn ass.
Fir d’éischt gëtt en nach bis den 29. Mäerz zu Dubai ausgestallt, duerno geet Rees dann iwwert Statiounen zu Taipei an New York op Genf, wou e schliisslech den 11. Mee versteet gëtt.