
Si huet nach wärend hirer Ried erkläert, datt si zwar net esou frou mat esou grousse Spanne wier, mä si wéilt dann awer probéieren, sech net aus der Rou bréngen ze loossen. Funktionéiert huet dat bal gutt. Ee vun hire Mataarbechter hat probéiert, d’Spann vun hir erofzuelen an déi hat sech beweegt. Dat hat zu engem kuerze “Schreckmoment” gefouert. Dono huet d’Yvette D’ath wéi och d’Press kuerz iwwert de Virfall gelaacht a weider goung et mat der Pressekonferenz.
De Video huet “7News Brisbane” dono op Twitter gesat an déi 51 Joer al Politiker huet nach präziséiert, datt bei dëser Pressekonferenz keng Spann zu Schued komm ass.