Live! Planet People am ReplayRoland Wirth, Dr. Elisa Meyer a Sacha Hanlet

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People e Freideg goung et ëm schéin Autoen fir de gudden Zweck, Kuscheltherapien an e Lëtzebuerger Museker.
Live! Planet People vum 22. Abrëll 2022
Am Live! Planet People e Freideg geet et ëm schéin Autoen fir de gudden Zweck, Kuscheltherapien an e Lëtzebuerger Museker.
De Roland Wirth ënnerstëtzt mat Atrex den Télévie, wou schéin Autoe boer Suen erabréngen. Atrex war vun Ufank un Coorganisateur vun der “Driving Experience for Charity” zesumme mam Lions Club Roude Léiw um Colmer-Bierg. Vun elo u gëtt sech awer verstäerkt fir den Télévie engagéiert, wou leschte Freideg schonn e groussen Télévie Dinner organiséiert gouf, a wou de Montant de 7. Mee bei der grousser Téléviesendung devoiléiert gëtt. Do kommen nach déi Sue vun den Charity Baptêmes e Samschdeg den 30. Abrëlll derbäi, wou ee vun 12 Auer un um Belval fir 25 Euro matfueren dierf. Informatiounen iwwer déi sportlech Ween, déi a Fro kommen, gëtt et op

atrex.lu

D’Dr. Elisa Meyer huet gutt Argumenter fir méi ze kuschelen a proposéiert eng Kuscheltherapie. Mënschlech Beréierunge sinn enorm wichteg an dat gouf bei den Déieren ofgekuckt. D’Iddi, déi aus den USA kënnt, gëtt an Däitschland, Lëtzebuerg, Éisträich an der Schwäiz iwwerholl, well kuschelen dem Kierper an der Séil gutt deet. Wann een eng Beréierung kritt, gëtt d’Gehier aktiv a produzéiert de Kuschelhormon. Op kuschelkiste.net fënnt een d’Philosophie déi derhannert stécht. Awer ganz wichteg, et ass keen Escort-Service.

De Museker Sacha Hanlet ass “Artiste Résident” an der Kulturfabrik an huet seng Fanger bei ville musikalesche Projeten am Spill. Ugefaangen huet alles mat “Mutiny On The Bounty” wou hien zanter 2004 an der Band als Drummer a Songwriter aktiv ass. Ronn 700 Concerten duerch Europa, China, Japan an d’USA hu si scho gespillt. Parallel schafft hien u sengem Solo Projet “Them Lights” wou hien alles selwer mécht. Hie schreift, spillt d’Instrumenter a séngt selwer. Als Produzent Falcon schafft hie mat ënnerschiddleche Museker zesumme wéi dem Maz, Chaid, Edsun a Zero Point Five.

www.falcon.lu

https://eur01.safelinks.protection.outlook.com/?url=http%3A%2F%2Fwww.falcon.lu%2F&data=05%7C01%7Csarah_cames%40clt-ufa.com%7Cf939b1e3993941f5233108da2449ba3e%7C8d237650cdc140e1899c5601e055f3fe%7C0%7C0%7C637862196383271405%7CUnknown%7CTWFpbGZsb3d8eyJWIjoiMC4wLjAwMDAiLCJQIjoiV2luMzIiLCJBTiI6Ik1haWwiLCJXVCI6Mn0%3D%7C3000%7C%7C%7C&sdata=VsDDlJj0qD66zLrAMKCl0N2l%2FhSP%2FNtb8JIzg028I%2Fg%3D&reserved=0

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO