Live! Planet People am ReplayRomain Thielen, Anabela a Jorge Valente an d'Heike Meyers
Am Live! Planet People goung et dës Kéier ëm Lëtzebuerger Geldschäiner, en Trail fir de gudden Zweck an ëm d'Fotografie.
Live! Planet People vum 24. Februar 2023
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit. Haut mam Romain Thielen, Anabela a Jorge Valente an d’Heike Meyers.
De Romain Thielen huet zesummen mam Guy Rosseljong e Katalog erausbruecht mat Lëtzebuerger Geldschäiner vun 1856 bis haut. D’Auteuren hu sech vill Aarbecht gemaach, fir méiglechst all Exemplairen ze fannen, déi am Laf vun de Joren erauskomm sinn. D’Aféierung vum Euro huet d’Nofro bei den Numismatiker nach emol relancéiert. An der Broschür geet et drëm, d’Schäiner vu béide Säiten ze weisen, awer och hir Geschicht z’erzielen an et kristalliséiert sech och eraus, dass dëst en Hobby ass, dee ferm an d’Geld schléit, bedéngt duerch d’Offer an Demande.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Anabela an de Jorge Valente kennen d’Welt wéi hir Boxentäsch a kommen Bangkok, um Motto, ëmmer méi no. D’Koppel verbënnt zwou Leidenschaften: Reesen a Fotografie. 2014 hu si de Reesmagazin “diaries of” erausbruecht. Japan, Laos, Mongolei, Azoren oder Tansania, keng Destinatioun ass hinnen ze wäit a keen Wee ze beschwéierlech. Bedéngt duerch d’Pandemie goufe si ausgebremst, awer elo ware si no zwee Joer hire Motto an de Laos sichen an d’Aventure geet virun duerch schéi Géigenden, laanscht aussergewéinlech Tempelen, op der Sich no frëndleche Leit an onbekannte Bräich a Kulturen.
www.diariesofmagazine.com
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Heike Meyers huet d’Victoire bei “mäin klenge Restaurant doheem"genotzt, fir elo via Internet d’Loscht op kachen a baken, weiderzeginn. Hire Fils hat si bei RTL ugemellt an elo huet si aus dem Hobby hire Beruff gemaach. D’Kichen ass, wéi schonn deemools bei der Bomi, déi wichtegst Plaz am Haus. All Dag gëtt e Brout gebak, donieft kommen e puer Kuchen an Taarte pro Woch derbäi. Zanter 2020 kreéiert d’Heike eege Rezepter, Dëschdekoratiounen a bastelt mat de Kanner. A fir déi Grouss, déi Loscht um Kachen a Baken hunn, gëtt et reegelméisseg Foodcamps, wou een Iddie fir all Joreszäit kritt. www.pmg.lu
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.