
Zum Zäitpunkt vum Abroch war de Sarkisow zu Saint-Tropez an der franséischer Riviera. Säin Noper hat d’Police e Freideg de Moie kontaktéiert gehat. Wéi et vun Ermëttler heescht, wieren ënnert anerem Pelz, Bijouen a Posche geklaut ginn. Eng Lëscht mat alle Wäertgéigestänn soll ugeluecht ginn, wann de Milliardär nees zeréck zu Paräis ass. Hie wunnt an der Avenue Foch an der Géigend vun de Champs-Elysées.
Et ass net déi éischte Kéier, dass prominent Leit zu Paräis beklaut goufen. An de vergaangene Joer koum et ëmmer nees zu Iwwerfäll. Dorënner de Reality-TV-Star Kim Kardashian am Oktober 2016. Bijouen am Wäert vun 9 Milliounen Euro goufen deemools matgeholl.
Den 52 Joer ale Sarkisow hat mat sengem Brudder, engem russesche Versécherungsris, Reso-Guarantee gegrënnt an esou säi Verméigen erhéicht.