
Et wier eng mysteriéis an ongewéinlech Installatioun, heescht et an de soziale Medien vun der Bezierksverwaltung vu Warschau. D’Sail wier ongeféier 3 Meter héich, hätt eng matt sëlwer Uewerfläch a gëtt vu Schrauwen zesummegehalen. Si steet um Ufer vun der Weichsel net wäit ewech vun enger grousser Bréck. Medie schreiwen, datt d’Jogger d’Sail gesinn hätten.
D’Autoritéite ruffen d’Leit op, sech déi Sail emol unzekucken. Wien do an der Géigend ënnerwee wier an e bësse géif oppassen, géif se och fannen, heescht et weider.
Et ass awer net déi éischte Sail oder Obelisk, dee rezent einfach esou opgetaucht ass. Enn November gouf zum Beispill een am US-Bundesstaat Utah opgestallt. A well sech bis ewell nach keen offiziell dozou bekannt huet, ginn et ëmmer méi wëll Spekulatiounen am Internet.
Fir déi eng ass et einfach e “Reset-Käppchen” fir d’Joer 2020. Anerer erënnert et e bëssen un de Monolith aus dem Film “2001: A Space Odyssey” vum Stanley Kubrick. Net verwonnerlech also, datt och verschidde Fans hei un Aliens denken.