D’Samantha Stankiewicz huet op der Uni vu Kapstadt Konscht studéiert. Bis 2004 huet se als Graphikdesigner zu Cape Town geschafft. 2005 ass se op Berlin geplënnert an huet hir Sue mat Nohëllefsstonne verdéngt. Haut wunnt d’Mamm vun 2 Kanner zu Clierf an huet eng Anti-Stress-Geschicht vum Andy Steffen illustréiert. “D’Ayla an de Mound” kënnt am Abrëll eraus. A well se momentan keng Ausstellungen organiséiere kann, notzt si d’Zäit vun der Pandemie, fir ze molen.
De Reinhold Beckmann kennt ee vum Sport an aus senger Talkshow “Beckmann”. Als Chansonnier trëtt hien e Samschdeg zu Ettelbréck am Cape op. 2014 huet de Moderator a Produzent sech en Häerz geholl a säin éischten Album als Museker opgeholl. “Haltbar bis Ende” ass säin drëtten Album a mat deem wëll hien zesumme mat sengem Gittarist Johannes Wennrich de Kontakt zum Public sichen, och wann dat de Moment als Sänger net sou einfach ass.
D’Diane Catani schafft am Armevéierel vu Santiago beim “Teatrobus Chile”, deen an der Pandemie eng ganz aner Nues krut. De Projet, deen et schonn 10 Joer gëtt, an exklusiv vu Lëtzebuerg finanzéiert gëtt, huet 2020 virtuellen Theater mat de Kanner gemaach. Donieft huet de Grupp och Famillje während där Zäit gehollef, mat Iesswueren, Gas fir ze hëtzen a Bastelmaterial fir d’Kanner. Nieft der Aarbecht mat deene Klenge setzt d’Diane Catani sech och fir d’Rechter vum chilenesche Vollek an.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.