Speziell Auszeechnung am Palais"Sandhurst Medal" fir de Groussherzog an Ierfgroussherzog

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war eng e bësse méi speziell Audienz am Palais. De Groussherzog a säi Fils kruten an deem Kader d'Sandhurst-Medail iwwerreecht.
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Groussherzog an den Ierfgroussherzog haten de John Marshall, Ambassadeur vu Groussbritannien an Nordirland, de Group Captain Justin Fowler, Attaché de défense vu Groussbritannien fir d’Belsch a Lëtzebuerg, den Tim Gemers, Conseiller politique de défense, an d’Jocelyne Horrocks, Assistante exécutive de l’attaché de défense fir eng Audienz en Dënschdeg an de Palais invitéiert.

An deem Kader goufe si vum John Marshall mat der “Sandhurst Medal” ausgezeechent.

PDF: Schreiwes vun der Cour grand-ducale

Back to Top
CIM LOGO