Bëbeebauch-FotoSängerin Rihanna erwaart éischt Kand mam A$AP Rocky

RTL Lëtzebuerg
Schluss mat de Rumeuren! Scho laang gouf gemunkelt, d'Musekerin wier schwanger. Lo huet si houfereg hire ronne Bëbeebauch op Fotoe presentéiert.
© AFP/Archiv/ANGELA WEISS

Elo ass et offiziell: De Popstar Rihanna ass schwanger. Schonn eng Zäit hu sech d’Gerüchter gehalen, d’Sängerin wier schonn zanter e puer Méint mam Rapper A$AP Rocky liéiert a géing hiert éischt Kand erwaarden. Beim Spadséiere mat hirem Frënd huet si lo houfereg hire Bauch gewisen.

Éischt Spekulatioune koumen op, wéi d’Rihanna den 30. November am Kader vun der Onofhängegkeet vum Staat Barbados vum brittesche Kinnekräich an hirer Heemecht zu Gaascht war an als Nationalheldin geéiert gouf. Fir d’Feier hat déi 33 Joer al Musekerin en enkt Kleed un, dat d’Rumeure lancéiert huet.

Dass d’Rihanna sech Kanner wënsche géing, hat si schonn am Mäerz 2020 an engem Interview mat der brittescher Zeitung “Vogue” zouginn. Deemools sot si op d’Fro, wou si sech an zéng Joer gesi géing: “An zéng Joer? Wäert ech 42 sinn. Ech wäert ural sinn! Ech wäert Kanner hunn - dräi oder véier dovun.”

Back to Top
CIM LOGO