
An engem interview mat “SiriusXM” huet de Schauspiller, deen een ënnert anerem och fir seng Roll als Spider Man kennt, verroden, datt hien als Preparatioun op een neie film an enger Barista-Schoul war an och eng Zäit an enger Bar zu London hannert dem Comptoir stoung.
“Fir mech ass eng vun deene flottste Saachen an eisem Beruff wann een d’Geleeënheet kritt, nei Fäegkeete fir ee gudde Grond ze léieren, an net just, well een et emol probéiere wëll”, esou den Tom Holland am Interview. “Also sinn ech an eng Barista-Schoul gaangen. Ech hunn duerno och e puer Schichten an enger Bar zu London geschafft, dat huet vill Spaass gemaach.”
Laang konnt de Schauspiller sech a senger “neier” Professioun awer net halen - an dat louch net dorunner, datt en d’Aarbecht net gutt gemaach hätt. “D’Gerüchter hu sech an der Stad verbreet an d’Leit hunn ugefaangen erauszefannen, datt ‘den Tom Holland anscheinend an enger Bar schafft’. Dunn huet de Manager et erausfonnt.” Schlussendlech wier hien dunn “esou eppes wéi erausgeschmass” ginn.
Hie wier duerno nees als Gaascht zeréck an der Bar gewiescht, mee et wier den Ament eng ugespaante Relatioun. “Mee si krute vill Press duerch mech”, esou de Schauspiller.