Um SonndegSchëfflenger Kavalkad 2023: 10.000 Gecken an de Stroossen
E Sonndeg haten d'Fuesgecke Schëffleng komplett am Grëff. 38 Gruppe sinn duerch d'Stroosse gezunn.
Schëfflenger Kavalkad
E Sonndeg haten d’Fuesgecke Schëffleng komplett am Grëff. 38 Gruppe sinn duerch d’Stroosse gezunn.
Eng Tonn Séissegkeeten, Gadgeten an 30 Dausend Chipstute goufen un d’Leit verdeelt. Dem Organisateur no wären eng ronn 10 Dausend Fuesgecken sech dee Spaass ukucke komm.
Musek- a Foussgruppe waren um Rendezvous. Si koumen net nëmmen aus Lëtzebuerg. Och belsch, däitsch a franséisch Gruppe ware mat derbäi. 21.000 Euro huet d’Kavalkad dëst Joer kascht. Iwwer d’Verkafe vun den Entréesbilljeeë kënnen des Fraisen zum Deel gedeckt ginn.
Schëfflenger Kavalkad (26.2.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Schëfflenger Kavalkad (26.02.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Fuesparty Kavalkad Schëffleng 26.2.2023
No der Schëfflenger Kavalkad e Sonndeg 26.2.2023 hat de Folklorama fir d'éischte Kéier op eng grouss Fuesparty an den Hall Polyvalent invitéiert. Et sollt e mega Succès ginn! D'Stëmmung ënnert de faarwege Boke war formidabel mat der Musék vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana, dem Dieter D. an dem DJ Raymond de la Vega.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéinst der Pandemie huet zejoert de Cortège misse kuerzfristeg ofgesot ginn.
En nächste Sonndeg ass da Kavalkad zu Esch. Duerno dann nach zu Keel, Waasserbëlleg, Péiteng a Réimech.