"Bild"-Interview mam Désirée NosbuschSchéinheetsidealer an der Film-Branche als grouss Erausfuerderung

RTL Lëtzebuerg
Dat Optescht géing an hirem Beruff eng ëmmer méi eng grouss Roll spillen, sou d'Désirée Nosbusch am Gespréich mat der däitscher Zeitung "Bild am Sonntag".
© RTL-Archiv

Déi 55 Joer al Lëtzebuergerin huet an engem Interview mat “Bild am Sonntag” iwwert d’Erwaardungen u Schauspillerinne geschwat. Et wier eng grouss Erausfuerderung gewiescht, am Alter vu 45 bis 50 Joer nach Rolle vun enger “attraktiver Exfra” oder enger “verféierescher Kolleegin” ze spillen.

“Mäin Ausgesi stoung mir dacks am Wee”

Fréier hätt si sech dacks gewënscht, eng Narb am Gesiicht ze hunn, huet d’Désirée Nosbusch am Interview verroden. Deemools wier et virkomm, dass attraktiv Frae mam Cliché a Verbindung bruecht goufen, “näischt am Kapp ze hunn...”. Vu Baussen huet si “schéin a gestylt” gewierkt, vu Bannen hätt si awer vill méi rebelléiert.

Mat der Zäit hätt sech d’Désirée Nosbusch weiderentwéckelt, huet si am Interview mat der däitscher Zeitung betount. Et géing zwar nach virkommen, dass si heiansdo bei enger Kameraastellung denkt, dass hiert “schlecht Profil” géing gewise ginn, awer meeschtens denkt si sech dann: “Oh komm, looss lass!”

Op d’Fro, ob si sech virstelle kann, iergendwann nees als Moderatorin ze schaffen, huet d’Schauspillerin geäntwert: “Dat eenzegt Schéint doru wier, dass een nees Manikür a Pedikür géing kréien an een och d’Hoer schéin hätt. Ech weess guer net méi, wéi et sech ufillt, am Oweskleed an Talleken d’Show-Trap eropzegoen. Ech liewe jo zanter Méint an der Joggingsbox an Ugg-Stiwwelen.” Et misst een awer och realistesch bleiwen, sou d’Lëtzebuergerin. Déi meescht Fraen an deem Job wieren op d’mannst 10 Joer méi jonk wéi si. Dovun ofgesi wéilt si och net gär all Weekend e Präis verdeelen.

Back to Top
CIM LOGO