Dagny CarlssonSchweedesch Bloggerin am Alter vun 109 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Et ass een ni ze al: Mat 99 huet d'Dagny Carlsson e Computercours beluecht a mat 100 Joer hire Blog "Blogga med mig! (Blog mat mir) gestart.

Elo ass déi schweedesch Bloggerin mat 109 Joer gestuerwen. Dat huet d’Regisseurin Åsa Blanck matgedeelt, déi virun e puer Joren d’Dokumentatioun “Livet börjar vid hundra” (D’Liewe fänkt mat 100 Joer un) iwwert d’Dagny Carlsson gedréit hat.

Et wier näischt Ongewéinleches, datt e Mënsch mat bal 110 Joer stierft, gouf d’Regisseurin vum Sender SVT zitéiert. Trotzdeem wier et e schwéiere Verloscht. Nëmme wéineg Leit hätte sou vill ginn wéi d’Bloggerin.

An hirem Blog huet d’Dagny Carlsson hire schweedeschen Alldag mat iwwer 100 Joer beschriwwen an domat vill Lieser begeeschtert. “Ech sinn eng zéi Tata, déi déi meescht Saache gären huet. Dat kann eng Oper sinn, awer och gewéinlech Gespréicher iwwert witzeg a schwiereg Saachen”, huet si an hirem Blog iwwert sech selwer geschriwwen. Déi lëschteg Saachen hätt si awer am léifsten gehat.

Back to Top
CIM LOGO