
No senger Anäscherung 2005 ware seng Äsche fir eng kuerz Zäit an d’All bruecht ginn, koumen dono awer nees fir 3 Joer zeréck op d’Äerd. De Millionär Richard Garriott, dee Computerspiller entwéckelt huet an e begeeschterte Weltraumtourist ass, huet d’Äschen dunn 2008 mat op d’ISS geschmuggelt. Wier dat opgefall, hätt hie bestëmmt Problemer kritt, esou de Millionär an engem Interview mat der New York Times.
Viru senger Rees op d’ISS, déi 12 Deeg gedauert huet, stoung de Garriott mam Bouf vum James Doohan a Kontakt. Dësen huet him erzielt, datt et de lescht Wonsch vum bekannte “Star Trek"-Acteur war, datt seng Äschen an d’Weltall bruecht ginn. Re Garriott huet sech dunn d’Äsche per Post schécke gelooss a se mat op d’ISS geschmuggelt. Dat u sech verstoppt an dräi Gedenkkaarte vum Acteur. Eng vun de Kaarten huet de Garriott an d’All geschleidert, eng zweet gouf am Buedem vun der ISS verstoppt an déi drëtt Kaart hänkt am Haus vum Garriott.