Fir e gudden ZweckSenioren-Damme strécke fir d'Stëmm vun der Strooss

Philippe Dondelinger
Fir eis virun der Keelt ze schützen, di mer eis am Wanter waarm un. Mä wat mécht een, wann een näischt huet? Där Leit ginn et méi wéi genuch zu Lëtzebuerg.
Senioren-Damme strécke fir d'Stëmm vun der Strooss
Fir eis virun der Keelt ze schützen, di mer eis am Wanter waarm un. Mä wat mécht een, wann een näischt huet? Där Leit ginn et méi wéi genuch zu Lëtzebuerg.

Fir dëse Leit ze hëllefen, déi meeschtens keen Daach iwwert dem Kapp hunn, huet de Senioren Club vu Stroossen sech eng afale gelooss an huet fir de gudden Zweck gestréckt. Strécke fir d’Stëmm vun der Strooss. Fir déi Leit, déi manner hunn ewéi mir. Fir eng 12 Senioren-Damme war et selbstverständlech, hei matzemaachen. Am Sortiment fënnt een alles géint d’Keelt, gestréckt gëtt fir d’ Kleederstuff zu Hollerech. Et war d’Patricia Petruccioli vum Club Seniors zu Stroossen, déi dëse Projet an d’Liewe geruff huet.

Der Kreativitéit ware keng Grenze gesat, eenzeg Konditioun: Et sollt waarm halen.

U Motivatioun bei de Senioren Dammen huet et net gefeelt. Dass esouvill verschidde Saachen zesummekomm sinn, domadder hat keen esou richteg gerechent. D’Resultat léisst sech wuel weisen.

An der Kleederstuff bei der Stëmm vun der Strooss waarden déi gestreckte Mutzen, Händschen, Schalen an Decken, ier et bei en neie Proprietär geet. D’Kleederstuff ass elo schonn nees gutt gefëllt fir de Wanter, a leschten Informatiounen no sinn d’Senioren elo schonn nees am gaangen, fir d’nächst Joer ze strécken.

Back to Top
CIM LOGO