Rees op "Néierewou"Singapur bitt Croisière ouni Zil un, mat Succès

RTL Lëtzebuerg
D'Offer vun enger Croisièresfirma a Singapur mat enger Rees op "Néierewou" huet en immense Succès.

1.400 Passagéier sinn e Freideg u Bord vun der “World Dream” gaangen, déi owes nach op eng Tour vun 2 Deeg a Séi stieche wëll. Ouni Zil, sou den Organisateur Genting Group. No den 2 Deeg kënnt d’Schëff nees a Singapur un.

Besonnesch fir Croisièresfirmen bedeit d’Corona-Pandemie e grousse Verloscht. Mat esou Iddie wéilt een d’Geschäft nees ukuerbelen.

“Wann ee säi Pass a seng Wallis matbréngt, kritt ee schonn e Gefill vu Vakanz”, sou ee vun de Passagéier. Eng aner Passagéier versprécht sech “Entspanung” mat der Famill a si wéilt onbedéngt an de Casino.
Zu den aneren Offere wéi Casino, zielen och e puer Piscinnen, déi een am Viraus muss reservéieren an d’Restauranten, déi reegelméisseg desinfizéiert ginn.

Op der Sich no neie Clienten hat Singapore Airlines och scho Flich op “Néierewou” ugebueden. De Fliger gouf tëscht Start a Landung als Restaurant ëmfunktionéiert.

Back to Top
CIM LOGO