45 Joer ouni AlkoholSir Anthony Hopkins feiert seng Abstinenz a perséinlechem Video-Message

RTL Lëtzebuerg
"Mat Dankbarkeet feieren ech, dass ech zanter 45 Joer dréche sinn", mellt sech d'Hollywood-Legend op Twitter zu Wuert.
© AFP

En Dënschdeg huet den Oscar-Gewënner Anthony Hopkins e ganz besonneschen Dag gefeiert, säi perséinleche Meilesteen. Zanter 45 Joer huet hie keen Alkohol méi gedronk an ass houfreg op seng Leeschtung. Zanter deem Moment wier säi Liewen “genial” gewiescht.

“Voller Dankbarkeet” riicht hie sech op Twitter u seng Fans a schwätzt oppen iwwert seng Alkoholsucht a wéi se him geschuet huet. “Ech sinn op eng Katastroph hi gesteiert, hu mech zu Doud gedronk”, ënnert hie sech un d’Joer 1975.

Weider heescht et a sengem Message, dass hien de Leit dobausse keng Priedegt hale wëll, awer en hätt eng Botschaft fir jiddereen, deen him nolauschtert: “Wëlls du liewen oder stierwen?”. “Ech wëll liewen”, betount den Hannibal-Lecter-Schauspiller am Video.

Et wier duerchaus virkomm, dass och hie schlecht Momenter an Zweiwel als dréchenen Alkoholiker gehat hätt, awer hien hätt et gepackt, dës Sucht z’iwwerwannen. “Gitt net op. Haalt duerch a kämpft weider”, sou nach de Message vum Sir Anthony Hopkins u seng 700.000 Follower.

Back to Top
CIM LOGO