De SLIZZER ass zanter 10 Joer international bekannt am Beatboxing.Vun 2009 bis 2012 stoung de Lëtzebuerger an den Top 16 vum “World Championship”. Den Tim reest duerch déi ganz Welt, huet an Éisträich 5 “d’Austrian Beatbox Championship” fir sech entscheet an d’lescht Joer mat senger Crew M.O.M. d’Beatbox WM gewonnen. Hien ass e passionéierten Auteur, Produzent an Beatboxteacher a verierft elo säin Talent gären un déi nächst Generatioun.

De Claudio MYSTERO ass en Autodidakt an der Musek an als Gittarist ass hien net just dem Joe Cocker opgefall a mat him op Tournée gaangen. Scho mat 6 Joer huet hien d’Gittar fir sech entdeckt an sech alles selwer bäibruecht. Parallel huet hien och selwer Lidder geschriwwen a säin éischten Album “So alone” koum 2002 eraus. 2004 huet hien eng CD fir d’Croix Rouge opgeholl, 2019 krut hien den “Hope Award” an den “Honour Award” fir säin Lidd “Hope” dat hien fir d’ONG “Education for life” geschriwwen huet. De Moment schafft hien zu Paräis un engem neien Album.

De Markus Zimmermann gesäit een all Owend bei “Let the music play” op der däitscher Televisioun. Am Quiz geet et drëms, Lidder déi hien séngt, erëmzëerkennen. De Sänger, Komponist a Keyboarder ass och Member vum Pop-Duo OVD a lieft d’Musek op seng ganz besonnesch Manéier. Säi Credo ass “Musek ass just e Gefill. Erlief et selwer, live an hautno”. Vum Mee u geet hie mam Herbert Grönemeyer op “20 Jahre Mensch"-Tour. Lass geet et den 26. Mee zu Hannover, duerno Gelsenkirchen, Berlin, Leipzig, Hamburg a München.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.