Pop-Up-Store an der Stad"Slow Fashion" promouvéieren, Qualitéit amplaz Quantitéit

RTL Lëtzebuerg
Si mer mol éierlech mat eis selwer: Wéi dacks kaaft Dir Iech en neit Kleedungsstéck oder e Puer Schong, obwuel der se guer net braucht?
"Slow Fashion" promouvéieren, Qualitéit amplaz Quantitéit
Si mer mol éierlech mat eis selwer: Wéi dacks kaaft Dir Iech en neit Kleedungsstéck oder e Puer Schong, obwuel der se guer net braucht?

Eben, da muss et déi nei Blus fir d’Fréijoer sinn oder de Mantel an der aktueller Trendfaarf. Méiglech maachen dat d’Onmass u Choix an de Butteker an déi bëlleg Präisser. Ma wat vill Leit sech net bewosst sinn, ass, dass d’Moudebranche ronn 2% vum weltwäiten CO2-Ausstouss verursaacht. Dat heescht awer elo net, dass Dir Iech ni méi eppes sollt kafen. E Lëtzebuerger Schwëster-Duo huet dofir e Label gegrënnt, fir d’Fast Fashion out of Fashion ze kréien.

Bei hinnen am Pop-Up-Store an der Stad kritt ee Kleeder nëmmen op Commande. Et hänken zwar wuel déi ënnerschiddlech Modeller do, fir d’Stécker kënnen unzemoossen, ma entscheet ee sech dann eent ze kafen, muss een 1-2 Méint waarden. Si wëllen domadder “Slow Fashion” promouvéieren. Heescht, si sëtzen op Qualitéit an net op Quantitéit. Huele Stoffer, déi fräi si vun Schuedstoffer, produzéiere gréisstendeels lokal a wann net da fair an an Europa a si wëllen d’Leit ureegen, sech bewosst fir e Kleedungsstéck ze entscheeden. Well et iwwerleet ee sech et zweemol, wann een op seng Commande muss waarden. Ma dofir huet een dann och e Stéck, dat zäitlos ass an dat ee méi laang hält.

Back to Top
CIM LOGO