D’Solange Dumont-Binsfeld engagéiert sech an der Fondation Cancer, well hir no Famill schonn e puer mol betraff war. 2005 gouf bei hirem Papp Prostatakriibs festgestallt an no der éischter Chemo ass hien un Häerzversoe gestuerwen.
E puer Joer méi spéit gouf bei hirer beschter Frëndin Broschtkriibs diagnostizéiert an 2013 huet si selwer bei sech ënner der Dusch gemierkt, dass eppes net stëmmt.
Nom éischte Schock huet si no vir gekuckt an de Kriibs iwwerwonnen. Eng Rechute huet d’Solange gemeeschtert, an och hire Mann blouf net vu Kriibs verschount.
“Driwwer schwätze mat Frënn a Famill hëlleft”, seet si. Um Weltkriibsdag ass dat och de Message vun der Fondation Cancer dëst Joer.

De Jean-Paul Hoffmann interesséiert sech fir Autosmarken zu Lëtzebuerg an huet elo e Buch iwwer Citroën erausbruecht. Et ass schonn dee 7. Band vum pensionéierte Proff, deen dës Passioun vun alen Autoen zanter ëmmer begleet. Modeller wéi de berüümten “Traction”, den DS, 2 CV an de Sportcoupé SM hunn him et ugedoen, an op 192 Säiten fënnt ee vill al Fotoen, déi hie selwer gesammelt huet. Bis haut sinn d’Produite vun der Mark avantgardistesch an technesch fortschrëttlech. Manner bekannt ass, datt bis an d'60er eran um Quai de Javel zu Paräis Camionen a Bussen vum Band gelaf sinn, déi a ganz Europa Interessente fonnt hunn. “Autos, die in Luxemburg Geschichte machten Band 7 – Citroën» ass bei den Editions Revue erauskomm.

Siegfried und Joy begeeschteren duerch Zauberei gemëscht mat Comedy a si kommen de 25. Februar an de Syrkus op Rued. Schonn eleng duerch hier ausgefale Kleedung falen déi zwee Berliner op an ënnerscheede sech vun aneren Zauberer, déi een sou kennt. Als Duo versprieche si och op hirer «Las Vegas Tour» nei Tricken presentéiert mat vill Charme, Witz an der Léift zur Magie. Schonn 2016 op hirer éischter Tour huet de Wee op Lëtzebuerg an “De Gudde Wëllen” gefouert. An hirem Programm feelt et net un Interaktioun, där richteger Portioun Selbstironie an no der Show kann een Las Vegas getrouscht vergiessen. Ganz rezent hunn Siegfried und Joy sech fir d’Zauberweltmeeschterschaft 2022 a Kanada qualifizéiert.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.