
An et kann een areesen, ouni mussen a Quarantän ze goen!
De Mëllerdall an d’Muselgéigend sinn déi touristesch Highlights am Osten.
Ier mer eis op de Wee duerch déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz maachen, séier nach e puer Geheimtipps vum ORT Mëllerdall:
Verschidde Wanderweeër féieren duerch de Mëllerdall. Ze recommandéieren ass de W7-Trëppeltour, op deem Dir déi flottsten Ecker entdecke kënnt. Ënner anerem féiert e laanscht déi Plaz, wou de Loschi, deen eelste Lëtzebuerger (dat eelst komplett erhalent Skelett) fonnt gouf.

Dee Wee fir zeréck féiert iwwer eng kleng hëlze Bréck, hannert där Dir d’Kalktuffquell erbléckse kënnt. Hei drëpst d’Waasser lues a lues laanscht de Fiels an e kristallklore Weier. Op kee Fall verpassen: De Schéissendëmpel ass d’Symbol vum Mëllerdall! Déi berüümt Bréck gouf 1879 vum Chrëschtnecher Steemetzer Jean-Pierre Prommenschenkel gebaut.


D’Tudor-Haus an deem de Musée ënnerbruecht ass, erënnert un e Schlass. Hei war d’Famill vum Henri Tudor doheem, deen tëscht 1859 an 1928 am Haus gewunnt huet. Den Henri Tudor huet déi éischt Autosbatterie erfonnt. Säi Privathaus war warscheinlech eent vun den éischten Haiser an Europa, dat e Generator hat an domat och elektresch Luucht!

D’Thema “Elektrizitéit” steet och am Mëttelpunkt vu verschiddenen Atelieren, déi fir Kanner an Erwuessener ugebuede ginn. Huelt Iech och Zäit, fir no Ärer Visitt duerch dee schéine Park vum Gebai spadséieren ze goen. Fir d’Kanner ass d’Spillplaz Sauerpark ze recommandéieren.
Den Touristecenter Heringer Millen huet alles fir Äeren Trëppeltour:
Wanderschong, Jacketten, Rucksäck, GPS, Luuchten, Reesbengelen a souguer Material fir Kanner, alles dat kënnt Dir gratis hei geléint kréien.

Langweil muss net sinn! An der Beeforter Jugendherberg fannt Dir eng grouss Indoor-Spillplaz an eng Keelebunn.

An der Jugendherberg zu Iechternach kann een d’Maueren eropgoen...wuertwiertlech, well hei gi Klotercoursen ugebueden!



De Beeforter Camping offréiert dës aussergewéinlech Optioun fir 2-5 Leit. Keng Suerg, déi Tipie si ganz modern, et gëtt souguer Elektresch!
Oder Dir kënnt an enger vun hire Blockhütte schlofen. Déi si perfekt ageriicht, mat 5 Better, enger klenger Kichen, engem Frigo an engem Sëtzeck. Och Är Hausdéiere si wëllkomm!
Wann d’Wieder et zouléisst, kënnt Dir och vum Aqua Park profitéieren, mat Waasserkanounen, enger Waasserrutsch vu 50 Meter an engem klenge Baseng fir d’Butzen.
Oder Dir probéiert hir “Pods” aus, kleng hëlze Chaleten,an deenen Dir Iech wéi an engem Disney-Film fille kënnt.


Ee Beispill fir déi vill lokal a regional Produzenten ass d’Ramborn Cider Co. zu Bur. De Cider Haff kann een och kucke goen. Si schaffe mat méi wéi 100 Baueren zesummen, fir déi traditionell Bongerten ze fleegen an z’erhalen, dat am Interessi vun der Biodiversitéit. Dat ass et, wat si mengen, wa si vun den “Europäesche Reebëscher” schwätzen.
E VIP Tipp vum Touristenzenter Heringer Millen:
Reservéiert bei hinnen Äere Picknickkuerf, fir mat op den Trëppeltour ze huelen! Millebrouit frësch aus dem Uewen, Kéis, Hunneg, Gebeess, Rieslingspaschtéit an, net ze vergiessen...e gudde Crémant!

D’Sonn verwinnt d’Miseler Wéngerten a léisst déi beschten Drauwe wuessen. Pinot Gris, Riesling...Häerz, wat begiers de! Dat klengt Dierfche Schengen ass d’Symbol vun engem Europa ouni Grenzen, ëmsou méi wichteg an dësen Zäiten, an deenen déi europäesch Iddi dach déi eng oder aner Téitsch ofkritt huet...
Spaass am Waasser: De Baggerweier zu Rëmerschen!



Fir sech an der Summerhëtzt e bëssen ofzekillen, gëtt et keng besser Plaz wéi déi Rëmerschener Baggerweieren. Zwee iwwerwaachten Arealer, fir ze schwammen oder just am Waasser ze puddelen, Volleyball-Felder a Pedaloen, fir ze lounen, fir jiddereen ass eppes dobäi.
Am Biodiversum léiert Dir d’Flora an d’Fauna aus der Regioun kennen. De “Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira” gouf op enger klenger kënschtlecher Insel gebaut. Mat senger futuristescher Architektur fält en direkt an d’A.

Dat schéint Wënzerduerf Schengen ass an der ganzer Welt bekannt. Wéi 1985 deen historesche Schenge-Accord ënnerschriwwe gouf, war dat nach net esou ofzegesinn, dowéinst ware vill Staatscheffen och net perséinlech dohinner komm. Mä mëttlerweil steet den Numm Schengen fir e Stéck europäesch Geschicht.

D’Dream Loops, déi 3 qualitativ héichwäerteg Wanderweeër ronderëm de “Saar-Hunsrück-Steig” an Däitschland féieren och iwwert d’Grenz a Lëtzebuerg eran.
Zum Beispill de “Wäin an Natur”-Pad oder “Schengen grenzenlos”.

Dëse Wäikeller ass an de Stee gehaen!

Wat wier e Besuch un der Musel, ouni den exzellente Wäin ze schmaachen? Déi ënnerierdesch Wäikellere vun de Caves St Martin zu Réimech goufe virun 100 Joer gebaut. D’Galerien zéie sech iwwert eng Längt vu bal engem Kilometer.
Kuckt Iech dee wonnerschéine Museldall vun uewen un! Gruppe vu bis zu 12 Leit fannen an deene 5 Ballone Plaz.

Denkt drun: wéinst der Covid-19 Situatioun kënnen et zu all Ament Ännerunge ginn, liest wgl. d’Informatiounen op de respektive Websäiten!