Halloween zu Lëtzebuerg"Squid Games"-Kostümer leie voll am Trend

RTL Lëtzebuerg
Dat sot eis op Nofro hin de Jean-Baptiste Marx aus engem spezialiséierte Geschäft zu Féiz.

Halloween: Squid-Games-Kostümer am Trend / Loïc Juchem

D’Serie ass aktuell esou am Trend, dat vill Leit d’Iddi haten, sech esou fir Halloween dëst Joer ze verkleeden. Am Geschäft selwer haten een e Stock vun 200 Masken, déi een direkt a 24 Stonne verkaf hat.

Et hat ee schonn domadder gerechent, datt Halloween dëst Joer “gutt” géif ginn, well d’Leit einfach och frou wieren, sech nees ze gesinn an eppes zesummen ze maachen. Dat et awer esou géif lafen, hätt een net geduecht. D’Geschäft gëtt ëmmer weider lues a lues eidel. Grad bei deene Jonke wier Halloween bei wäitem dat populäerste Fest, seet de Jean-Baptiste Marx. Esouguer méi, wéi d’Fuesent.

Bei de “Squid-Games"-Kostümer wier et de Leit haaptsächlech drop ukomm, fir Gruppe-Kostümer ze kréien, also änlech wéi am Film, wou et jo verschidde Gruppe vu Leit ginn, déi ëmmer anescht ugedoe sinn.

Back to Top
CIM LOGO