Mann gouf verhaftStalker rennt mam Auto an d'Wunneng vum Taylor Swift

RTL Lëtzebuerg
D'New-Yorker-Police huet de Mann, deen am Staddeel Tribeca an d'Haus vum Taylor Swift gerannt ass, verhaft.
© AFP

Aussoe vun Aenzeien no wier d’Persoun express an d’Haus vun der Sängerin gerannt. Dono wier hien aus dem Auto geklommen an hätt probéiert, fir an d’Haus ze kommen. Déi 31 Joer ale Mann gouf Aussoe vun der Police no fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht a gouf dono verhaft.

Et ass net déi éischte Kéier, datt d’Sängerin Problemer mat engem Stalker hat. Am Abrëll hat e Mann probéiert, fir an d’Appartement vun der Sängerin anzebriechen, esou d’Police. An am Mäerz 2019 gouf ee Mann verhaft, dee schonn e puer Mol an d’Wunneng vun der Popsängerin agebrach war.

Back to Top
CIM LOGO