
Den Trailer huet endlech verroden, wéini d’Carrie a Co. zeréck op d’Leinwand kommen.
Mat der Serie hat HBO eng vun den erfollegräichste Serien an de leschten 3 Joerzéngte lancéiert. Vun 1998 bis 2004 war d’Komedie eng éischte Kéier an den USA ze gesinn. 17 Joer méi spéit dann den, fir vill Fans laang erhoffte Comeback vum Sarah Jessica Parker an hire Frëndinnen.
“And Just Like That...”, esou nennt sech d’Suitte vun der “Sex and the City"-Serie, gëtt den 9. Dezember dëst Joer um Streaming-Service HBO Max gewisen. Sky huet sech d’Rechter geséchert, sou dass een och an Europa net allze laang wäert musse waarden.
Wien elo guer keng Gedold méi huet, dee kënne mer mam Trailer vertréischten:
Am Ganze kënnt HBO op 6 Staffele mat 94 Episoden. 2008 an 2010 koumen donieft 2 ganz opwenneg Kinosfilmer eraus. Et ass awer och scho gewosst, dass fir déi nei Episoden nëmmen nach 3 vun de 4 Originalstars mat dobäi sinn. D’Kim Cattrall kënnt net zeréck an hirer Roll als Samantha Jones.