USAStartup-Chef kënnegt 900 Mataarbechter iwwer Zoom

RTL Lëtzebuerg
"Wann dir an dësem Video-Call derbäi sidd, da gehéiert Dir zu där onglécklecher Grupp, déi gekënnegt ginn", sot de CEO ronn 900 Mataarbechter via Zoom.

De CEO vun der Baufinanzéierungsagence better.com Vishal Garg ass staark an d’Kritik geroden, nodeems hie just e puer Woche viru Chrëschtdag ronn 900 Mataarbechter kuerzerhand per Videocall entlooss huet. Ee vun de Grënn fir d’Entloossunge solle schlecht Aarbechtsperformancë vun de betraffene Mataarbechter gewiescht sinn.

“Äert Aarbechtsverhältnes ass heimat vun dësem Moment un zu Enn”, sot hie senge geschockten Employéen. “Dëst ass déi zweete Kéier a menger Karriär, datt ech dat hei muss maachen an ech wëll et u sech net maachen”, esou de Vishal Garg. “Déi leschte Kéier wou ech dat hei gemaach hunn, hunn ech gekrasch. Dës Kéier hoffen ech, méi staark ze sinn.”

D’Matleed vu senge frësch gelanterten Employéen dierft sech awer a Grenze gehalen hunn. An de soziale Medien huet ee Matschnëtt vun där onglécklecher Videokonferenz séier d’Ronn gemaach. En Dënschdeg huet sech de CEO du schliisslech op der Websäit vum Betrib fir säi Virgoen entschëllegt. Hien hätt deene Betraffenen net genuch Respekt entgéintbruecht an hir Aarbecht net genuch gewierdegt.

Back to Top
CIM LOGO