Live! Planet People am ReplaySteven Cruz, Pol Trierweiler an Tom Weber

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Konscht, Generation Art an d'Léift zum Fëschen.
Live! Planet People vum 28. Oktober 2022
Invitéen am Studio waren de Steven Cruz, de Pol Trierweiler an den Tom Weber.

De Steven Cruz ass Zeenographe an visuelle Artist an huet sech vu Kolleegen iwwerriede gelooss, bei “Generation Art” matzemaachen. Säin Wee huet hien virun 10 Joer an de Lycée des Arts et Métiers gefouert. Méi spéit huet hien Erfarung zu Lissabon, Athen a Bréissel gesammelt. Seng Themen dréinen dacks ronderëm LGBTQIA+ Communautéit, d’Immigratioun vun de Fraen, d’Rechter vun Minoritéiten an Froen déi mat der Ëmwelt zesummenhänken.

De Pol Trierweiler koum duerch seng Mamm, déi Konschtproff ass, mat der Konscht a Kontakt. Spéider am Lycée, op der E-Sektioun war et nees e Proff dee Schold war dass de Pol zur Fotographie fonnt huet. Am Optiounscours gouf et deemools schonn “Challengen” genee wéi elo bei «Generation Art». Nieft der Fotographie ass hien och um Zeechnen interesséiert an do geet d’Bandbreet vun Character an Creature Design, iwwer Horror Art an Graffity.

Hei geet et op de Site vun Generation Art!

Den Tom Weber ass vu Kand un, e passionéierte Fëscher an organiséiert dëse Samschdeg, zesummen mam Jojo Schmit de “Perchmaster”, en eenzegaartegen “Streetfishing Concours” hei am Land. Op 100 Demanden koumen eran, awer d’Organisateuren hunn d’Participatioun op 50 limitéiert. An de Spillreegelen steet dass et ëm d’Pijenfëscherei geet, wou een ze Fouss eng Streck vun 9km ofleeft an do, sou séier wéi méiglech, déi gréissten Fësch erauszitt. Just déi 3 Gréisst ginn gewäert, an all Fësch kommen nees zréck an d’Waasser. Rendez-vous am Hafen zu Schwéidsbenger.

Méi Infoen dozou ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO