De Steven Pitman kennt een als Lëtzebuerger Elvis. Den “European Elvis Champion 2015" géif an engem normale Joer virun de Feierdeeg duerch d’Kierchen zéien, fir do Gospelconcerten ze ginn.

Well de Moment awer keng Optrëtt méiglech sinn, huet hie mat Kënschtler, déi zu Lëtzebuerg schaffen, d’CD “Christmas Doheem” opgeholl, op där een 12 bekannten an och manner bekannte Chrëschtlidder fënnt.

Säi But ass et, 2.500 Stéck ze verkafen a sou seng Musekskolleegen z’ënnerstëtzen.
De Christian Heinsdorf ass zanter 2015 Kichechef vun der Taverne Borg zu Perl an Däitschland. Eng antik Réimervilla, déi komplett rekonstruéiert gouf. Hien ass de grousse Gewënner vun engem originelle Concours, wou e Weltraummenü gesicht gouf, deen den ESA-Astronaut Matthias Maurer mat an de Weltall hëlt. Op den Teller kënnt dann e Réiragout mat Speck-Ram -Kabes an als Entrée eng saarlännesch Gromperen-Riesling-Crèmezopp.

De Max Asselborn ass ganz dem Bopi nogeschloen a Museker ginn. Schonn an der Zolwer Musek huet hien Trompett gespillt, an no verschiddenen aneren Orchesteren a Bande wéi dem “European Brass Ensemble” an der Militärmusek, wou hien zwee Joer gespillt huet, ass hien zanter August feste Member vum schwedesche Radiosorchester zu Stockholm. Fussball a Basket kommen dofir de Moment fir den 29 Joer ale Museker e bëssche méi kuerz.
