De Steven Pitman ass duerch an duerch de Lëtzebuerger Elvis an hie war säin Talent Ufank des Mounts an Amerika beweisen. Seng Léift fir de “King of Rock an Roll” huet sech gewisen beim Elvis Presley sengem Doudesdag de 16. August 1977. Hien huet säin Held gemoolt an ugefaangen alles vun him ze sammelen, vun Disken iwwer Affichen, bis bei de Bünenoutfit. De Steven ass entretemps e vill gefrote Sänger an Ufank Februar war hien um “Harbour Lights Festival” zu Weston-Super-Mare wou hie sech inspiréiere wollt fir säin Elvis Weekend am Oktober. Hie war awer och ee vu 40 Participanten vum Imitatiounsconcours an huet ëm just 2 Punkten d’Finall verpasst, déi him eng Plaz bei der WM am August zu Memphis erméiglecht hätt.
Hei geet et op den offizielle Site vum Steven Pitman!
Den Harry Wijnvoord bréngt een direkt mam “Der Preis ist heiss” a Verbindung, an déi Sendung bréngt hien am Fréijoer zréck op déi däitsch Telé. De sympatheschen Hollänner huet 1.873 mol d’Spillshow animéiert an du war Schluss. Hien huet Radio gemaach, Sendungen am Teleshopping animéiert an 2004 war hie fir 11 Deeg am Dschungelcamp. 3 Joer sinn et hier, dass e seng Fra an der Fuesent virun engem Bistro zu Köln kennegeléiert huet. 2021 hu se sech bestuet a si glécklech wéi um éischten Dag. Ufank des Jores huet hien als Sänger d’Ballad “Wind im Gesicht” erausbruecht a seng Biografie heescht “Mein Ganzes Leben war ein Quiz”, an där elo nach e Kapitel bäikomme muss, dass 3 nei Sendungen vun “Der Preis ist heiss” am Abrëll ze gesinn sinn.
De Vincent Retter schreift Spiller fir Big Brother an Dréibicher fir Sat1 an RTL II an elo mécht hien d’Büne mat Comedy onsécher. Zanter 6 Joer lieft de Bäreldenger zu Köln an huet dat am Liewen fonnt, wat him Spaass mécht. Hien zielt och privat gäre Witzer, léisst de Lëtzebuerger eraushänken, an op der Bün gëtt et dofir och nach Applaus, wann hien d’Naupen vun eiser Natioun erausschielt a sech op eis Käschten lëschteg mécht. Hien huet sech a kuerzer Zäit e gudden Numm gemaach. Reegelméisseg gëtt et Neits vum Vincent a sengem YouTube-Kanal, an op Facebook an Instagram ass hien och ze fannen.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.