Manner ass méiStriewen no Minimalismus - de Beruff vum Organisatiounscoach

RTL Lëtzebuerg
D’Schlaange bei de Recyclingszenteren hunn am Abrëll fir sech geschwat. Et schéngt, datt d'Pandemie en Trend gefërdert hätt, deen et scho méi laang gëtt.
De Beruff vum Organisatiounscoach
D’Schlaange bei de Recyclingszenteren hunn am Abrëll fir sech geschwat. Et schéngt, datt d’Pandemie en Trend gefërdert hätt, deen et scho méi laang gëtt.

Et ass d’Géigebeweegung zu der Iwwerflossgesellschaft: De Wonsch no manner, den Trend vum Minimalismus. Organisatiounscoache bidden Hëllef beim Aussortéieren.

D’Schlaange virun de Recyclingszenteren hunn Enn Abrëll fir sech geschwat: Et schéngt, wéi wann d’Pandemie en Trend gefërdert hätt, dee sech scho méi laang ofzeechent - d’Loscht, Uerdnung ze schafen. Spéitstens zanter der japanescher Beroderin a Bestsellerautorin Marie Kondō huet an deem Zesummenhang och de Beruff vum Uerdnungs- an Organisatiounscoach u Bekanntheet gewonnen.

D’Nicole Wiesner schafft als Organisatiounscoach zu Lëtzebuerg. Op d’Thema Minimalismus ass si viru 15 Joer komm. Nodeems si mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hat, huet si den Entschloss getraff, hiert Liewen nei ze strukturéieren. Si huet sech d’Zil gesat, just nach dat ze halen, wat si brauch oder wat hir wichteg ass an alles aneres no an no aus hirem Liewen ze eliminéieren.

Nicole Wiesner: “Als ich halt gemerkt habe, dass das wirklich gut tut - der Seele gut tut, der Umwelt gut tut, eigentlich jedem gut tut - habe ich das auch bei Kollegen und Bekannten gemacht. Mir war am Anfang gar nicht so bewusst, dass das ein Talent ist, dass das nicht jeder so macht oder kann.”

2017 huet si schlussendlech hir Plattform less.lu an d’Liewe geruff, iwwert déi ee si als Organisatiounscoach buche kann. Hir Clientë wende sech dacks an Ëmbrochphasen u si, sief et beim Plënneren, enger Trennung oder am Zesummenhang mat enger Schwangerschaft.

Wéi genee d’Aussortéieren ausgesäit, ass vu Client zu Client verschidden. Meeschtens gëtt sech op e bestëmmten Eck vun der Wunneng konzentréiert, dee komplett ausgeraumt an da Stéck fir Stéck hannerfrot an aussortéiert gëtt. D’Dauer vum Aussortéieren huet d’Nicole Wiesner op maximal 3 Stonne begrenzt, well et eng emotional ustrengend Aarbecht fir d’Clienten ass, och wann der vill vun hinnen dat am Ufank ënnerschätzen.

Nicole Wiesner: “Es sind eben nicht die 50 Teller, die stören, sondern es ist etwas anderes. Es ist etwas in einem selbst, was in dem Moment nicht stimmig ist und das zu entdecken ist anstrengend.”

Back to Top
CIM LOGO