De Sven SCHMELER ass eng Hallschecht vum “Cookie Jar Complot”, engem neie Lëtzebuerger Indie Duo, an hien huet och Talent als Comedian. Fir hir Lidder unzekënnegen, bréngt hien zesumme mam Gilles Glesener reegelméisseg kleng Videoen eraus, an deene si sech géigesäiteg op d’Schëpp huelen. Si kenne sech schonn méi laang, well se schonn 10 Joer zesumme Musek schreiwen. Am Abrëll 2021 hu se eng Serie vu 4 Lidder an den Unison Studioen zu Déifferdeng opgeholl, an déi nächst Wochen a Méint freeë si sech op e puer Concerten, wou se musikalesch Verstäerkung derbäi hunn.

D’Caro ROBENS kennt een aus “Goodbye Deutschland” op Vox, wou si reegelméisseg beweist, dass si net op de Mond gefall ass, awer och duerch hiren ausgefalene Stil fält d’Bodybuilderin op. A spéitstens duerch hiren Optrëtt am “Sommerhaus der Stars” 2020, wat si um Enn mat hirem Mann Andreas gewonnen huet, konnt een d’Koppel intensiv kenneléieren. Wat mat engem Fitnessstudio ugefaange huet, ass zu enger richtege Geschäftsiddi gi mat Schéinheetssalon a Restaurant. An hirem aktuelle Buch: “Licht und Schatten auf Mallorca” gëtt een awer och gewuer, dass net alles Gold ass, wat blénkt.
Den Thierry A. PORCEDDA “TAP” ass de Frontmann vun den “Atomic Rocket Seeders”, enger Lëtzebuerger Metal-Band, déi 2018 och schonn um legendäre Festival zu Wacken en Optrëtt hat. D’Grupp déi awer och Aflëss aus aneren Museksstiler wéi Jazz, Blues an Hardrock abaut, huet 2019 den “Rock the south” gewonnen, an och als Virband vun Limp Bizkit konnte se an der Rockhal iwwerzeegen. 4 Lidder hunn ARS op hirem Debut-Album bis elo erausbruecht, an dovunner gëtt et “Eternal Ashes” an “The Marvelous Journey of Captain Johnny Green” och als Video.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.