Live! Planet PeopleSylvain Juzan, Danie Köller a Jil Clesse

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend waren de Sylvain Juzan, d'Danie Köller an d'Jil Clesse eis Invitéen am Live! Planet People.
Live! Planet People
E Freideg den Owend waren de Sylvain Juzan, d’Danie Köller an d’Jil Clesse eis Invitéen am Live! Planet People.

De Sylvain Juzan huet et mat senger Begeeschterung fir Magie bis an d’“Penn & Teller Fool Us”-TV-Show zu Las Vegas bruecht. Scho mat 15 Joer wollt hien hannert d’Kulisse kucken an zanter 13 Joer wunnt hien zu Lëtzebuerg.

Hien zaubert vill mat Kaarten, an entretemps lieft hie schonn 11 Joer vu senger Passioun.
Wann hien d’Leit net grad mat senger Zauberei impressionéiert, da reest hie gären. A 50 Länner war hie schonn, dovunner 15 mam Motto. Ënnert anerem an de Rocky Mountains an um Himalaya.

1990 ass d’Danie Köller beim Papp an d’Léier gaange fir Buchbënner ze ginn. D’Mamm vu 4 Kanner huet zu Paräis de Restauratiounscours matgemaach. Wärend an nom Cours huet se reegelméisseg Stagen besicht, fir extra Abänn vu fréier ze léieren. Bei Ausstellungen a Frankräich an an Italien konnt een hiert Talent bestaunen an zu Ascona an der Schwäiz huet si och bei engem Buchbënner-Concours matgemaach.

Haut gëtt si Coursë fir zukünfteg Buchbënner am LTAM an dëst Joer huet si en “Atelier de Reliure” mat 3 Leit iwwerholl.

D’Jil Clesse huet scho mat 4 Joer Piano gespillt. Gesang huet se am Conservatoire geléiert, Schauspillerei zu New York an zwee Joer war d’Jil op der “Hamburg School of Entertainment”. Haut lieft a schafft se zu Wien.

Et konnt een d’Jil a verschiddene Musical bewonneren, wéi “Mozart”, “Les Misérables” oder “Die Schöne und das Biest”. Enn Oktober huet se hiren Album “Halbe Unendlichkeit” erausbruecht a wann et mat der Musek net leeft, huet se en zweet Standbeen an zwar als Yogasproff.

Back to Top
CIM LOGO