
Viru Kuerzem hat d’Koppel nach hire 25. Hochzäitsdag gefeiert, elo loosse sech de Sylvester Stallone an d’Jennifer Flavin scheeden. Eng Nouvelle, déi zimmlech iwwerraschend komm ass. Am Mee hat d’Flavin nämlech nach op Instagram geschriwwen: “Ech hunn dech esou gär a mir wäerten nach déi nächst 25 Joer matenee verbréngen”. E romantesche Post, dee mëttlerweil geläscht gouf.
Iwwert d’Trennungsgrënn gëtt an der Promi-Welt den Ament vill spekuléiert. “TMZ” mellt, dass de Rottweiler Dwight ee vun den Ausléiser soll gewiescht sinn. Seng Fra wier nämlech net averstane gewiescht mat der Adoptioun. Aus enger Meenungsverschiddenheet wier dunn e grousse Sträit ginn, heescht et weider. Wéi op Biller am Internet ze gesinn ass, hätt hie sech trotzdeem fir de Mupp entscheet.
Dass den Acteur op den Hond komm ass, weist och säin neien Tattoo. Amplaz vum Flavin hirem Gesiicht dréit de Schauspiller elo e Véierbeener op sengem Aarm. Fir genee ze sinn: e Bild vu sengem fréiere Bullmastiff Butkus. De Butkus war och an den éischten zwee “Rocky"-Filmer ze gesinn.