
TMZ hat virdru geschriwwen, datt den 72 Joer alen Jay Leno sech e Sonndeg am Gesiicht verbrannt hätt, wéi ee vun den Autoen a senger grousser Sammlung vun historesche Gefierer ugefaangen huet ze brennen. Seng Ae wieren awer net touchéiert ginn.
De Stand-Up-Comedian hat vun 1992 bis 2014 d’"The Tonight Show” op NBC moderéiert, déi e vum Johnny Carson iwwerholl an duerno un den Jimmy Fallon ofginn huet.