Um beschte StéckTätowéierung verréit Exhibitionist an der bayrescher Stad Hof

RTL Lëtzebuerg
E 46 Joer alen Exhibitionist huet sech am bayreschen Hof duerch eng Tätowéierung op sengem beschte Stéck selwer iwwerfouert.
© Shutterstock

E Méindeg den Owend huet sech e Mann der Proprietärin vun engem Buttek presentéiert. Hie louch virun der Dier ze schlofen, wat d’Fra net acceptéiert huet a de Mann verdreiwe wollt. Am Laf vun hirem Sträit huet dësen du seng Box erofgezunn.

Effektiv huet d’Fra beim Bléck op dem Mann sengem Geschlechtsdeel eng Tätowéierung erkannt, kuerz ier e geflücht ass.

Wéinst der detailléierter Persounebeschreiwung bei der Police, haten d’Beamte séier e konkrete Verdacht géint ee Mann, deen bei hinne scho bekannt war. Bei der spéiderer Perquisitioun goufen dunn déi genee “Indicen” kontrolléiert an et konnt ee sech vun der “exakter” Beschreiwung vun der Fra iwwerzeegen.

Géint de Mann gëtt elo wéinst Beleidegung an Exhibitionismus ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO