
Nodeems d’Vitoria Mario eng Plaz un der University of Warwick ugebuede krut, fir Mathematik ze studéieren, huet déi 18 Joer al Schülerin honnerte vu Konzerner ugeschriwwen a Fluchblieder an de méi räiche Regioune vu London ausgedeelt, an der Hoffnung, finanziell Ënnerstëtzung ze kréien.
Donieft huet d’Schülerin, déi viru 4 Joer eleng vu Portugal an England geplënnert war, eng Spendenaktioun op GoFundMe.com lancéiert. Zil war et, 40.000 Pond zesummenzekréien, fir seng Studien- a Liewenskäschten ze decken.
Esou ass dann och d’amerikanesch Sängerin op d’Vitoria opmierksam ginn an huet 25.925 Euro gespent. Dem Vitoria säin Éiergäiz, seng Dreem ze verwierklechen, wären inspiréierend, huet et am Swift senger privater Noriicht geheescht. Dowéinst wéilt hatt der Schülerin hëllefe mat enger Spend am Wäert vum Betrag, deen nach géif ausstoen, fir säin Zil z’erreechen.
D’Spend an déi ganz Situatioun wären e Seegen, mat deem hatt net gerechent hat, esou d’Schülerin.