Wantersport a Corona-ZäitenTemoignage vu Lëtzebuerger aus den Alpen

Isabelle Henschen
D’Schigebidder waarden op Schnéi an Touristen, d’Sportsbutteker op Clienten. Wéi ass aktuell d’Situatioun an de Bierger a Butteker?
Wantersport a Corona-Zäiten
D’Schigebidder waarden op Schnéi an Touristen, d’Sportsbutteker op Clienten. Wéi ass aktuell d’Situatioun an de Bierger a Butteker?

Wäert dës Saison Schi gefuer ginn oder musse mer op Alternative setzen?

Zwee Lëtzebuerger, déi grad an Éisträich an an der Schwäiz sinn, hunn eis Impressiounen aus de Schigebidder erageschéckt. An der Schwäiz funktionéiere scho Lifter a verschidde Piste sinn op. An Éisträich sinn d’Piste just fir Profi-Schifuerer op. Den Dan Dethier ass elo a senger 5. Saison Schi-, Snowboard- a Laanglaf-Instrukter.

De Matthieu Osch ass professionelle Schifuerer a Sportzaldot. 2018 huet hie Lëtzebuerg op den Olympesche Spiller zu Pyeongchang am Slalom a Riseslalom vertrueden. Alle béid si se schonn op de Pisten ënnerwee. Am Engadin huet fir den Dan Dethier d’Schischoule-Saison de leschte Weekend ugefaangen an de Matthieu Osch dierf als Profi-Schifuerer um Bierg trainéieren.

Aktuell Situatioun an de verschiddene Länner a Schigebidder:

Frankräich

Déi Franséisch Regierung wëll seng Schilifter iwwert d’Chrëschtvakanz zouloossen. Am Laf vum Dezember wäert entscheet ginn op d’Schigebitter dierfen Touristen empfänken, mee dann ouni de Betrib vu Lifter a Gondelen. Momentan ass virgesinn, dass d’Restauranten an d’Caféen a Frankräich bis den 20. Januar zoubleiwen.

Schwäiz

Momentan sinn an de Schwäizer Alpe verschidde Lifter, Gondelen a Schipisten op. Schi-, Snowboard- a Laanglafschoulen hu mam Betrib ugefaangen. Do sinn d’Gruppecoursen op 8 Persoune pro Instrukter limitéiert. Et gëlle Maske-Flicht an Distanzreegele bei de Lifter. Lëtzebuerg steet an der Schwäiz op der rouder Lëscht. Jiddereen, deen an d’Schwäiz areest, muss fir 10 Deeg a Quarantän.

Éisträich

Éisträich ass bis de 6. Dezember am Lockdown. D’Schigebidder ware schonn op, hunn awer erëm missten Ufank November zoumaachen. Aktuell dierfen an de Bierger just Profi-Schifuerer op d’Pisten. D’Regierung huet annoncéiert, dass d’Schifuere vum 24. Dezember u méiglech wier, dat allerdéngs nëmme fir Residenten aus Éisträich. Auslänner mussen no hirer Arees fir 10 Deeg a Quarantän, dat nach bis den 10. Januar 2021. De Plang ass et, d’Hoteller an d’Restaurante bis de 7. Januar zouzeloossen.

Däitschland

Déi Däitsch Regierung wëllt déi 350 Schigebidder bis am Januar zouloossen.

Italien

Italien wëll seng Schigebidder iwwert d’Feierdeeg zouloossen an aktuell ass et eréischt virgesinn, d’Lifter Enn Januar opzemaachen. Et dierfen aktuell nëmme Profisportler an de Bierger trainéieren.

Back to Top
CIM LOGO