
D’Wuert “Minett” bezeechent d’Eisenäerz. A well de roude Buedem plazeweis gutt ze gesinn ass, gëtt den Ausdrock “terre rouge” och gäre benotzt.
Dëse roude Buedem war laang Zäit d’Basis vum Lëtzebuerger Wuelstand, dee sech op d’Stolindustrie gestäipt huet.
Lëtzebuerger Stol gouf op ville Plazen uechter d’Welt benotzt, zum Beispill an de Fundamenter vum One World Trade Center zu New York oder an dem héchsten Héichhaus vun der Welt zu Dubai.
Déi al Industrie-Sitten an der Regioun hunn hiren eegene Charme. Um Site Belval ass och d’Uni Lëtzebuerg doheem an et kann een (an Net-Covid-Zäiten) an der Rockhal legendär Musek-Events materliewen.
D’Héichiewe goufe schonn 1997 stëll geluecht, awer um Minett-Tour kann een ëmmer nach e Bléck an d’Welt vun der Stolindustrie geheien.
Wie sech d’Méi mécht, fir déi 180 Träppleke vum Héichuewen A eropzegoen, gëtt mat enger eenzegaarteger Vue iwwert deen neie Staddeel belount. Wann d’Wieder matspillt, gesäit ee bis iwwert déi aner Säit der Grenz a Frankräich.
Wann Dir elo virwëtzeg gi sidd, a gäre méi iwwert d’Géigend wëllt wëssen, da kënnt Dir Iech an der Ausstellung Belval and more iwwert d’Geschicht vun der Regioun informéieren.

Een Dag am Liewe vun engem Minnenaarbechter

D’Minnenaarbechter am Land vun der rouder Äerd hu misste schwéier schaffen. Si hu Galerien an de Fiels geschloen a gesprengt, si mat rabbelege Weenercher bis déif ënnert de Buedem gefuer an hunn dat rout Häerz vum Fiels mat eropbruecht. D’Eisenäerz gouf gewäsch, gemëscht, erhëtzt an zu Stol verschafft.
Zu Esch-Uelzecht kënnt Dir an d’Liewe vun dësen Aarbechter andauchen: Um Site vun der restauréierter “Katzenberg Mine” kënnt Dir am Musée vun der Cockerill Mine d’Schaffgeschier vun de Minnenaarbechter gesinn, ausserdeem al Fotoe vun hirem schwéieren Alldag, Transportmaterial a Fossilien, déi an de Minne fonnt goufen. Op Ufro kënnt Dir och engem Schmadd bei der Aarbecht iwwert d’Schëller kucken.

Um Escher Gaalgebierg kënnt Dir e Spadséiergang duerch den Déierepark genéissen. Réi, Geessebéck, Huesen a manner bekannten Aarte wéi Konik an Huzulu-Päerd oder Poitou-Ieselen, eng 150 Déieren vu 25 verschiddenen Aarte sinn hei doheem. D’Kanner däerfe se souguer fidderen, natierlech nëmme mat dem Spezialfudder, dat ee gratis beim Agang kritt.
Net verpassen: Am Escher Bamhauscafé fillt Dir Iech wéi an engem Märchen. Mat sengen Tiermercher a verwénkelter Bauweis versetzt ee seng Gäscht an eng mëttelalterlech Atmosphär. Erfrësche kënnt Dir Iech mat ganz modernem Gedrénks, Limonad, Kaffi, Téi oder e waarme Schocki.

Ganz uewen an de Bamkroune waarden déi Escher Bamhaiser op hir Gäscht. An deenen 3 Bamhaiser ass Plaz fir 4-6 Leit. Als Beispill kënnt Dir Iech hei d’Haus vum Maisy ukucken.

Gewosst wéi! Am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng gitt Dir gewuer wéi dat fonctionéiert. Méi wéi 70 Experimentéierstatioune waarden op Iech an Dir kënnt och Entréesbilljeeë fir hir spektakulär Showe reservéieren.
Op hirem Youtube-Kanal gitt Dir gutt informéiert, mat Mythbuster Coronavirus.
Wann Äert Häerz fir Mountainbiking schléit, da sidd Dir hei genee richteg!
Et ginn direkt e puer Strecke mat verschiddene Schwieregkeetsgrader. Wann Dir (nach) kee Pro sidd, dann ass d’Weiler-la-Tour bike tour e gudden Ufank.
En Dram fir Mountainbiker! De Wee féiert duerch d’Naturschutzgebitt Lalléngerbierg, wou fréier iwwerierdesch Eisenäerz ofgebaut gouf. D’Natur huet sech d’Géigend zeréckeruewert: Orchideeën, Dréchewues, e sëllege Päiperleken an déi rout Sandsteen-Fielsen, déi bis zu 5 Meter héich sinn.


De Peppenger Baueremusée ass an engem ale Bauerenhaus aus dem Joer 1849 ënnerbruecht. Dat ländlecht Liewen a fréiere Joerhonnerten, d’Geschier mat deem deemools geschafft gouf an déi Spillsaachen, mat deenen d’Kanner sech ameséiert hunn...ganz ouni Handy an Tablet!
Um selwechte Site (allerdéngs just Sonndes op) ass de Kutschemusée, eng Sammlung vun historesche Gefierer. Highlight vun der Ausstellung ass e Coupé, deen dem groussherzoglechen Haff gehéiert huet.
“The Bitter Years”, déi lescht Ausstellung, déi dee weltberüümte Fotograf Edward Steichen (The Family of Man) als Kurator fir de Museum of Modern Art zu New York organiséiert huet.

D’Ausstellung, déi dat ländlecht Amerika zur Zäit vun der Weltwirtschaftskris duerstellt, ass am ale Waassertuerm zu Diddeleng ze gesinn.
Vu ganz uewen um Waassertuerm ass d’Vue einfach nëmme fantastesch! Am Pomcafé a Mezzanin um
Rez-de-chaussée kënnt Dir no Ärer Visitt eng kleng Paus aleeën.

Denkt drun: wéinst der Covid-19 Situatioun kënnen et zu all Ament Ännerunge ginn, liest wgl. d’Informatiounen op de respektive Websäiten!