Ongefrote Rotschléi fir VältesdagThailänner sollen och wärend dem Geschlechtsverkéier e Mask unhunn

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetsautoritéiten hu Verléifter opgefuerdert, och u Vältesdag d'Mesuren ze respektéieren - an och beim Geschlechtsverkéier e Mask unzehunn.

Well d’Zuele vun den Neiinfektiounen an Thailand nees an d’Luucht ginn, fäerten d’Autoritéiten, dass de Vältesdag e Méindeg den Trend verstäerke kéint - och wa kloer wier, datt Covid keng sexuell iwwerdrobar Krankheet wier.

Ma well de Virus sech awer duerch den Otem oder dem Austausch vu Spaut verbreede kann, gouf Koppele recommandéiert, en Test virum Geschlechtsverkéier ze maachen. Donieft sollt een och Positioune wielen, bei deenen ee sech net direkt an d’Gesiicht kuckt an intensiivt Kusse vermeiden. A wou et méiglech wier, kéint d’Droe vum Mask och beim Sex de Risiko vun enger Infektioun verréngeren.

De Vältesdag ass an Thailand extreem beléift, vill Koppelen notzen den Dag, fir sech ze verloben. Besonnesch am Bangkoker “Libesbezierk” Bang Rak ginn et um 14. Februar ëmmer rëm laang Schlaange virun den État-civillen.

Back to Top
CIM LOGO