
Net nëmmen an der richteger Welt dréit sech an den USA den Ament alles ëm d’Presidentschaftswalen, mä och zu Springfield. An do kënnt den aktuelle President net alt ze gutt ewech. De “Simposons"-Grënner huet nämlech schonn e puer Mol den Donald Trump a senger Serie op méi oder manner verstoppten Aart a Weis kritiséiert. An der Halloween-Folleg, déi den 18. Oktober an den USA diffuséiert gëtt, gëtt op en Neits Kritik ausgeüübt.
Wéi an engem Extrait aus dëser Folleg ze gesinn ass, erënnert d’Marge den Homer drun, dass hie seng Stëmm nach muss ofginn. Well hien awer net weess, wéi ee vun de Kandidaten hie wiele soll, lëscht seng Duechter Lisa him 50 Grënn op, wisou sech säi Papp géint den Trump entscheede soll.
An als leschte Grond sot Lisa, dass et nach vill weider Grënn géinge ginn; déi schlëmmste wieren hei nämlech net dobäi.
Net just den Donald Trump, ma och den Joe Biden gëtt am Kontext vun de Wale kritiséiert. Den Jim Carrey huet an der Sketch-Show “Saturday Night Live” zum Beispill den Demokrat parodéiert. Hien huet nämlech de Biden gespillt a sech am Sketch an eng Méck verwandelt. Dëst als Uspillung op d’Méck, déi et sech wärend der Debatt tëscht dem Mike Pence an dem Kamala Harris um Kapp vum Republikaner gemittlech gemaach hat.
Schonn nom éischten TV-Duell tëscht béide Presidentschaftskandidaten hat den 48 Joer ale Komiker Jim Carrey den Joe Biden parodéiert.